D’Erégnisser an Europa iwerschlôen sech.
Ennert der lëtzebuerger Présidence ass nô dem Verfassungsdebakel och elo nach d’Finanzplanung gescheitert.
Dât ass én Constat, kén Virworf.
D’Scholdzoùweisungen déi duerno gemâch gi sin, deiten net op déi groùss Énigung a Frëndschaft tëschent den Staatscheffen, déi der Öffentlichkét duerch intensiv Emärbelungen, virgefoùert gin.
Europa ass zerfuer an et ass klôer dass an dénen läschten Wochen den Unifikatioùnsprozess én groùssen Schrëtt no hannen gemâch huet. Hoffen mer dass ënnert der neier, englescher Présidence, Vergângenhétsbewältigung an eng Parti Noexamen gemâch gin.
Virun allem déi um franséischen an hollänneschen NEE gescheitert EU-Verfassung, dierft jo normalerweis, an der virleiender Fassung, net a Kraft trieden. Sie gehéiert also iwerschafft.
Dëss énzech méiglich, an duerfir och richtig Konklusioùn, tëschend villen onméiglichen Erklärungen an Ursachenforschungen, kann och nét iwerrannt gin, duerch méi oder manner panikartig Oflenkungsmanöver, respektiv Rechtfertigungsversich, déi dann medienwirksam opgebauscht, an esoù formuléiert gin, dass se d’Thema net treffen an iwer déi eigentlich Problematik ewech täuschen.
Den Fait dass dén an der tëschenzeit, ôfgelehnten Text, trotzdem zu Lëtzebuerg dem Wielervotum virgeluecht gëtt, ass a mengen Aen absurd.
Esoù wéi all déi âner Länner woù den Votum nach aussteht, hätt och Lëtzebuerg nët esoù presséiert missten sin. D’Méiglichkét huet jo bestân, fir den Votum auszesetzen, sie hätt nemmen brauchen genotzt ze gin.
Volleksbefrôungen sin net duerfir do, fir mëssbraucht ze gin, fir eng politesch Stëmmung am Land ze ermëttelen déi neischt awer och guer neischt méi mat dem eigentlichen Thema, nämlich dem Inhalt vun der EU-Verfassung um Hutt huet. Geschitt dat trotzdem, a gëtt och nach zoùsätzlich bewosst a gezielt vum Sujet ôfgelenkt dann ass dat eng verwerflich Art a Weis fir Politik ze mâchen.
Déi Ënnerstellung én NÉ zu dëser Verfassung géng den sozialen Ennergang bedeiten ass grad esoù aus der Loft gegraff, wéi d’Behâptung bei engem JO wieren paradiesesch Zoùstänn am Sozialwiesen hirgestallt.
An égal wéi d’Resultat vum 10. Juli ausgeseit, et bréngt déi an der tëschenzeit gescheitert Sozialpolitik an der d’EU mat Sécherhét kén Millimeter weider, an et léisst doriwwereraus och kén vun den aktuellen Problémer, weder bei eis, nach an eisen Nopeschlänner.
Esoù wuel de JO wéi och den NÉ brengen ausser der Selbstbestätigung bei enger Hand voll Leit, déi elo vireilig d’Richtung diktéiert hun, iwerhâpt neischt.
Dén iwerflëssigen, theatraleschen an publizisteschen Mumpiz, dén én am Moment muss iwer sech ergôen loossen, an gedriwen gëtt fir d’Bierger zu engem JO ze drängelen ass weder erbaulich, nach der fräier Ménungsbildung an -entfâlung dinglich. Schéinriederei fir den JO an Drohungen bei engem NÉ, hun dén faulen Beigeschmâch vun enger onsachlicher Ménungsbeaflossung, an déi sollten eis erspuert bleiwen.
Dozoù gehéiert iwregens och dén mat Pauken an Trompeten beglédten an bejubelten Votum um Krautmart vun Virgeschter.
Dozoù gehéiert och d’Behâptung vum Premier, den virleienden Text géif onverännert an senger heiteger Form a Kraft trieden. Wien gett him eigentlich d’Recht fier esoù respektlos mat der Entschédung vun den Fransoùsen an Hollänner emzegoen ? Wéi steht et dann mat dem akzeptéieren vun majoritären Entschédungen ?
Wéi steht et dann mat dem Berücksichtigen vun den berechtigten Suergen an desen Länner ?
Et fänkt esoù lues un peinlich ze gin. Wa mer schon gezwongen gin fir bei d’Urne ze goën, da sollten mier wéinstens eis Entschédung frei können huelen.
D’Sozialpolitik brauch nei Impulser, an politesch Gleichgültigkét vis à vis vun der Onzefriddenhét an den Nôpeschlänner ass geféierlich !
Den Wirtschaftsliberalismus politesch esoù ze förderen, dass en
dem Sozialdumping freien Lâf léisst,
sech vernichtend op d’Arbechtsplatzen auswierkt,
an d’Kapital frei schalten an walten léisst, aus dénen bekannten égoisteschen Rentabilisatioùnsbestriewungen, kann vun kengem awer och nemmen halbwegs konsequenten Gewerkschaftsvertrieder akzeptéiert gin.
An enger Sozialstruktur, woù trotz dem Wirtschaftswuestum d’Aarbechtslosechkét stännig zoù hëllt, woù déi Reich ëmmer méi reich an déi Arm ëmmer méi arm gin, woù d’Sozialstrukturen wackelen, woù d’lëtzebuerger Management ongebremst ënnert der Fuchtel vum auslänneschen Kapital steht, woù d’Wirtschaftsmuecht keng Grenzen méi huet a woù den politeschen Handlungsspillraum ëmmer méi an den Grëff vun enger neoliberaler Stréimung kënnt, wier et eigentlich ubruecht gewiescht, och zu Lëtzebuerg eng Paus fir ze denken, an éventuell emzedenken virzegesin.
Et gét also drëm fir am EU-Verfassungsvertrag déi noùtwendig verpflichtend Richtlinnen an Definitioùnen anzebauen, déi der sozialer Dimensioùn Rechnung drôen, an domadden eng harmonesch Entwécklung tëschent wirtschaftlichem an sozialem Fortschrëtt, garantéieren.
Esoù eng Korrekturen kennten dann enger gewëssenhafter Gewerkschaft erlâben, eng Lanz ze briechen, an fir én onageschränkten JO ze plädéieren. Awer nëmmen ënner däer Konditioùn.
Zoùsätzlich wieren dat Zéchen, déi dat letzebuerger Patronat an hirem iwerschwenglichen an enthousiasteschen Eifer géngen bremsen, fir permanent a genösslech, déi sozial Errungenschaften, an all hiren Facetten unzegreifen an ze bekämpfen.
Eng kohérent Martwirtschaft déi mat sozialer Verantwortung beglét ass, huet politesch gefördert ze gin. Eng wëll, op Kapitalvagabundismus beroùend, an op zügellos Gefréissigkét orientéiert, wirtschaftléch Zielsetzung huet mat allen Mettelen, Gewerkschaftlich an Politesch verhënnert ze gin.
Mir wäerten alles derzoù beidrôen fir dëst ze erréchen an eis Distanz zu Politparteien an Patronatsstréimungen léisst eis duerfir freien Lâf.